Revues de presse

D’Zauberflöte als Héierspill

17. Dez 2020 – 09:15

Dem Mozart seng Oper « Die Zauberflöte » hat vun der Uropféierung un enorme Succès. Dat hänkt engersäits un de ville flotte Melodien, anerersäits awer och un der Geschicht – e Märchen ëm Léift an d’Erwuesse ginn. Dat ass awer just een Aspekt vun de villschichtegen Deitunge vun der « Zauberflöte », déi op der Operebün meeschtens als grouss Léier iwwer Humanismus inzenéiert gëtt.

D’6. Schouljoer vun der Waldorfschoul huet « Zauberflöte » elo als Héierspill an der Fassung vum Schwäizer Auteur Jakob Streit erausbruecht. De Guy Engels huet sech mat der Initiatrice vum Projet, der Marie-Paule Ries, an der Actrice Nora Koenig, déi d’Erzielerin ass, ënnerhalen.

https://www.100komma7.lu/program/episode/328655/2032012161414-202012161420

Aufnahme der Radiosendung: https://www.100komma7.lu/podcast/328655

Ce site est enregistré sur wpml.org en tant que site de développement. Passez à un site de production en utilisant la clé remove this banner.